
Béid Goler an der Partie sinn alle béid an der éischter Hallschent vum Match gefall. An der 16. Minutt war et de Pellegrini, deen den 1:0 fir Italie markéiert huet. 9 Minutte méi spéit ass awer schonn den 1:1 gefall, dat duerch de Van de Beek. Bei dësem Resultat ass et och bliwwen.
Net wierklech eng Chance hat da Schweden am Match géint Portugal. An der 21. Minutt war et den 1:0 fir Portugal duerch de Silva, ronn 20 Minutte méi spéit, nämlech an der 44. Minutt war et den 2:0 vum Jota. No der Paus war et dann nach eemol de Jota, deen an der 72. Spillminutt fir den 3:0 fir Portugal gesuergt huet.
An der 8. Minutt schonn huet de Griezmann fir Frankräich den 1:0 geschoss. Mat deem Resultat ass et och an d’Paus gaangen. No der Paus war et an der 64. Minutt de Vlašić deen den 1:1 geschoss huet a sou fir den Ausgläich gesuergt huet. De Mbappé war et dunn awer, deen nach an der 79. Spillminutt den End-Score vun 2:1 fir Frankräich konnt realiséieren.