Futtball-EMItalien klappt d'Belsch a steet géint Spuenien an den 1/2-Finallen

RTL Lëtzebuerg
D'Italiener hu sech no 90 Minutte mat 2:1 géint d'Belsch behaapt. Spuenien huet sech am Eelefmeterschéisse géint d'Schwäiz duerchgesat.
© AFP

Italien géint Spuenien, dat ass déi éischt Halleffinall déi bei der paneuropäescher Futtball-Europameeschterschaft feststeet.

Resumé Futtball-EM / Reportage Rich Simon

An der Partie tëscht Spuenien an der Schwäiz ass d’Decisioun e Freideg den Owend am Eelefmeterschéisse gefall. An hei huet sech Spuenien mat 3:1 géint d’Eidgenossen, déi vun der 77. Minutt un ee Mann manner um Terrain haten, behaapt. No 90 Minutten an der Verlängerung stoung et 1:1, dat no engem Selbstgol vum Zakaria (8') an engem Gol vum Shaqiri (77').

Am zweete Match vun e Freideg den Owend stounge sech mat der Belsch an Italien zwee Favoritte géintiwwer. An engem absolutte Spëtzematch hu sech béid Ekippen alles ofverlaangt. Um Enn huet sech d’Squadra Azzurra mat 2:1 behaapt. Fir d’Italiener hunn de Barella (31') an den Insigne (44') markéiert. Fir d’Belsch war et den R. Lukaku per Eelefmeter (45+2').

E Samschdeg ass et dann d’Suite vun de Véierelsfinallen. Um 18 Auer ass et d’Partie Tschechien géint Dänemark an um 21 Auer dann nach de Match Ukrain géint England.

D’Resuméë vun de Matcher

Belsch - Italien 1:2
0:1 Barella (31'), 0:2 Insigne (44'), 1:2 Lukaku R. (45+2', Eelefmeter)

D’Partie tëscht der Belsch an Italien huet dat gehalen, wat se versprach huet. Béid Ekippen hu sech e Match op engem Top-Niveau geliwwert. Um Enn haten d’Italiener dat bessert Enn fir sech an hu sech mat 2:1 behaapt.

Direkt vun der éischter Minutt u war Tempo am Match, béid Ekippen hunn de Wee no vir gesicht an esou ass et um Terrain direkt hin an hier gaangen. No zwou ganz gudde Parade vum Donnarumma sinn d’Italiener an der 31. Minutt duerch de Barella mat 1:0 a Féierung gaangen. An der 44. Minutt huet den Insigne fir d’Squadra Azzurra nogeluecht an op 2:0 gesat. An der zweeter Minutt vun der Nospillzäit huet den Arbitter dunn een ëmstriddenen Eelefmeter gepaff, dat nodeems den Di Lorenzo den Doku am Strofraum gestouss huet. Den R. Lukaku huet sech déi Chance vum Punkt net huele gelooss an huet op 1:2 verkierzt.

No der Paus ass de Match sou weidergaange wéi e virun der Paus opgehalen huet. Béid Ekippen hu weider no virgespillt an d’Italiener hu sech net op deem knappe Virsprong ausgerout an hunn dësen och net just verdeedegt. An der 61. Minutt hat de Lukaku den 2:2 um Fouss, ma hie krut de Ball net iwwert d’Linn, well do de Spinazzola am Wee stoung. An der 66. Minutt hat Italien duerch den Insigne eng ganz geféierlech Chance. Hei konnt de Courtois de Ball degagéieren. Nëmme véier Minutte méi spéit waren et nees d’Belsch, déi eng 100-Prozenteg Chance haten, ma weder de Lukaku nach den Hazard konnte verwandelen. Bis zum Schluss ass kenger Ekipp méi e Gol gelongen, sou datt Italien mat 2:1 géint d’Belsch gewënnt.

Kuerz viru Schluss gouf et nach ee battere Moment fir d’Italiener. De Spinazzola gouf blesséiert ausgewiesselt.

Schwäiz - Spuenien 2:4 (n.E.)
0:1 Zakaria (8', Selbstgol), 1:1 Shaqiri (68')

Spuenien huet sech den éischten Ticket fir d’Halleffinalle bei der Futtball-EM geséchert. Am Eelefmeterschéissen hunn d’Spuenier sech mat 3:1 géint d’Schwäiz duerchgesat. No der Verlängerung stoung et 1:1.

Spuenien ass schonn an der 8. Minutt mat 1:0 a Féierung gaangen, dat duerch e Selbstgol vum Zakaria. Et war dëst schonn deen 10. Selbstgol bei dëser EM. D’Ekipp vum Garcia huet duerno d’Partie mam gewinnte Ballbesëtz dominéiert a louch no den éischte 45 Minutte verdéngt a Féierung. Chancë gouf et op béide Säit kaum.

No der Paus ass Spuenien extrem passiv opgetrueden an huet just nach reagéiert. D’Schwäizer hunn dat ausgenotzt a konnte sech e puer geféierlech Chancen erausspillen. An der 68. Minutt huet d’Seleccion dunn den 1:1 duerch de Shaqiri kasséiert. D’Spuenier hunn nom Géigegol beandrockt an och deels verzweiwelt gewierkt. An der 77. Minutt gouf et dunn e battere Moment fir d’Schwäizer. De Freuler gouf nämlech mat Rout vum Terrain gesat. De Spuenier ass allerdéngs och an Iwwerzuel net vill agefall an esou hu sech d’Schwäizer an d’Verlängerung gerett.

An der Verlängerung hunn d’Spuenier den Drock däitlech erhéicht an d’Schwäizer sinn hanne richteg geschwommen. Ëmmer nees gouf et geféierlech Golchancen, ma kee Spiller huet et gepackt, fir d’Defense vun den Eidgenossen an de Golkipp Sommer ze knacken. Esou ass et an d’Eelefmeterschéisse gaangen. Hei hunn d’Spuenier sech mat 3:1 géint d’Schwäiz behaapt.

News, Statistiken, Radio-Reportagen, Pronostickespill, Quiz, ...

Back to Top
CIM LOGO