
E Méindeg den Owend stoungen an der Nations League insgesamt 8 Matcher um Menü.
Italien ass kloer besser an de Match géint Holland komm, hat och méi seriö Goalchancen a huet an der Nospillzäit vun der 1. Hallschent den 1:0 mat engem Kappball vum Barella no Viraarbecht vum Immobile geschoss.
An den zweete 45 Minutten war d’Partie méi equilibréiert. Et kënnt dann an der Nospillzäit nach zu enger Chance fir den 2:0 duerch de Kean.
Et bleift awer beim 1:0 fir Italien.
Holland - Italien 0:1
Bosnien-Herzegowina - Polen 1:2
Nordirland - Norwegen 1:5
Éisträich - Rumänien 2:3
Tschechesch Republik - Schottland 1:2
Israel - Slowakei 1:1
Kasachstan - Belarus 1:2
Albanien - Litauen 0:1
__________________________________________
En Dënschdeg gëtt Lëtzebuerg-Montenegro ugepaff. Dës Partie kënnt Dir op der Tëlee, um Radio an am Livestream op RTL.lu suivéieren.
RTL News: Nations League Italien kënnt net iwwer Gläichspill eraus, Holland wënnt knapp