
Am Optaktmatch vun der Futtball-EM, déi jo an 11 verschiddene Länner gespillt gëtt, gouf et e Freideg den Owend am Olympiastadion zu Roum eng verdéngt Victoire fir Italien. D’Squadra Azzurra huet sech no 90 Minutte mat 3:0 géint d’Tierkei duerchgesat.
D’Italiener hunn de Match vun Ufank un dominéiert. An den éischte 45 Minutte sollt awer kee Gol falen. D’Tierke selwer konnte keng eng Kéier op de Gol schéissen, hunn d’Italiener duerch eng kompakt Defense awer un engem Gol gehënnert - trotz 0:14 Golchancen.
No der Paus huet e Selbstgol vum Demiral an der 53. Minutt fir déi verdéngt 1:0-Féierung fir Italien gesuergt. An der 66. Minutt huet dunn den Immobile op 2:0 erhéicht, ier den Insigne an der 79. Minutt mam 3:0 fir d’Schlussresultat gesuergt huet.
Suivéiert d’Futtball-EM an eisem Dossier op RTL.lu: News, Liveticker, Statistiken, Pronostickespill a Quiz.
