Futtball-EMItalien wënnt no Eelefmeterschéissen a steet an der Finall

RTL Lëtzebuerg
No engem spannende Match ka sech Italien am Eelefmeterschéissen duerchsetzen a spillt domadder an der Finall géint England oder Dänemark.

Um Dënschdeg stoung déi éischt Halleffinall um Programm an do ass an engem richtegen Toppmatch Italien op Spuenien getraff. An enger gudder Partie konnte sech béid Ekippe gutt Chancen erausspillen. An der 60. Minutt huet de Chiesa fir den 1:0 gesuergt, mee an der 80. Minutt war et de Morata, dee fir de verdéngten 1:1 ausgläiche konnt an et ass an d’Verlängerung gaangen. An dëser sollt awer kengem méi e Gol geléngen, sou datt de Match am Eelefmeterschéissen entscheet gouf. Hei huet Italien déi besser Nerve behalen, steet an der Finall a spillt do e Sonndeg géint England oder Dänemark.

Italien - Spuenien/Reportage Gilles Tricca

De Resumé vum Match

Italien - Spuenien 5:3 n.E.
1:0 Chiesa (60.’), 1:1 Morata (80.’)

Italien ass mat vill Vitesse an de Match gestart an huet d’Spuenier fréi ënner Drock gesat. No kuerzer Zäit ass awer och Spuenien besser an de Match komm a war wéi erwaart d’Ekipp mat méi Ballbesëtz. Mee d’Italiener ware mat séiere Géigestéiss ëmmer erëm richteg geféierlech. Déi bescht Chance fir Spuenien gouf et an der 25. Minutt, wéi den Dani Olmo aus 11 Meter zum Schoss koum, mee am Donnarumma säi Meeschter fonnt huet. Italien hat déi bescht Geleeënheet kuerz virun der Paus, wéi den Emerson aus spatzem Wénkel op d’Latekräiz geschoss huet.

Och no der Paus war et en intensive Match an deem d’Ekippe sech gutt Chancen erausspille konnten. An der 60. Minutt waren et dann awer d’Italiener, déi duerch e séiere Konter konnten a Féierung goen. Um Enn vun dësem huet de Chiesa de Ball aus 14 Meter vu lénks an de laangen Eck geschoss. Spuenien huet och no dësem Gol e gudde Match gespillt, mee se hu bescht Chancë leie gelooss. An der 80. Minutt konnte se dann awer de verdéngten 1:1 duerch den agewiesselte Morata schéissen. Esou ass et no 90 Minutten an d’Verlängerung gaangen.

An der Verlängerung war Spuenien déi dominéierend Ekipp an Italien huet sech schwéier gedoe bis bei de Strofraum vun de Spuenier ze kommen. Mee och de Spuenier sollt kee Gol geléngen, sou datt et an d’Eelefmeterschéisse gaangen ass. Déi besser Nerven hat hei Italien an esou steet d’Squadra Azzurra an der Finall.

Public Viewing zu Lëtzebuerg

Italienesch Supporter konnte feieren
Zu Diddeleng gouf en Dënschdeg den Owend e Public Viewing fir de Match tëscht Italien a Spuenien op der Futtball-EM organiséiert.
Quartier Italien - e Quartier mat Geschicht
Nach haut erënneren déi enk Gaassen e bëssen u kleng Uertschaften an Italien.

News, Statistiken, Radio-Reportagen, Pronostickespill, Quiz, ...

Back to Top
CIM LOGO