Futtball-EMItalien ziddert sech an d'Véierelsfinall

RTL Lëtzebuerg
No enger staarker Leeschtung konnt sech Dänemark no 2 Goler vum Dolberg an engem Gol vum Maehle a vum Braithwaite mat 4:0 géint Wales duerchsetzen.

Um Samschdeg war den Optakt vun den Aachtelsfinalle vun der Europameeschterschaft.

Resumé Futtball-EM / Reportage Gilles Tricca

Am éischte Match koum et zu Amsterdam zum Match tëscht Wales an Dänemark. Hei gouf et eng 4:0-Victoire fir d’Dänemark, déi soumat an der Véierelsfinall stinn. Um Enn waren et 2 Goler vum Kasper Dolberg an der 27. respektiv 48. Minutt, ee Gol vum Maehle an der 88. Spillminutt an ee Gol vum Braithwaite an der Nospillzäit déi de Match entscheet hunn.

An der 2. Aachtelsfinall goung et tëscht Italien an Éisträich bis an d’Verlängerung. Hei waren et um Enn d’Italiener, déi sech no Goler vum Chiesa a vum Pessina an dem Géigegol vum Kalajdzic mat 2:1 géint Éisträich duerchsetze konnten.

D’Resuméë vun de Matcher

Wales - Dänemark 0:4
0:1 Dolberg (27'), 0:2 Dolberg (48'), 0:3 Maehle (88'), 0:4 Braithwaite (90'+6)

Beim Match tëscht Dänemark a Wales treffe jeeweils zwee Tabellenzweet aus der Gruppephas openeen. Wärend Dänemark nom Schock aus dem éischte Match an dem Malaise vum Christian Eriksen mat 3 Punkten duerch dat bessert Golverhältnis weiderkoum, konnt Wales sech mat 4 Punkten och duerch d’Golverhältnis géint d’Schwäiz duerchsetzen a sech déi 2. Plaz sécheren.

No enger ausgeglachener Ufanksphas waren et duerno d’Dänen, déi de Match liicht op hir Säit zéie konnten. An der 27. Minutt konnte si sech dann och fir hir Beméiunge belounen. De Maehle hat den Damsgaard fonnt, dee sech duerchsetze konnt. Dësen hat de Ball un den Dolberg ginn, deen dëse mat engem stramme Schoss an de Filet setze konnt. Hei hat de Ward am Gol vu Wales keng Chance. No der Féierung wollt Dänemark séier noleeën. Nëmme 4 Minutte méi spéit hat den Dolberg op en Neits d’Geleeënheet, ma hei konnt de Ward de Ball mat engem gudde Reflex aus dem Eck krazen.

Kuerz nom Téi konnt Dänemark erhéijen. De Braithwaite hat de Ball an de Strofraum ginn, wou de Williams net richteg kläre konnt, a sou konnt de Dolberg säin zweete Gol vum Owend markéieren. Duerno hunn d’Dänen net vill zougelooss an an der 66. Minutt hat Wales nach Chance, datt et beim 0:2 blouf, dëst well dem Jensen säi Schoss just widder de Potto goung. An de leschte Minutte war et de Maehle, deen de Ball an der 88. Minutt an de Filet schéisse konnt, éiert de Braithwaite an der Nospillzäit fir de Schlusspunkt suerge konnt. Iwwerdeems krut de Wilson nach déi rout Kaart, dëst no engem Feeler um Maehle.

Domat steet Dänemark verdéngt an der Véierelsfinall vun der Europameeschterschaft.

Italien - Éisträich 2:1
1:0 Chiesa (95'), 2:0 Pessina (105), 2:1 Kalajdzic (114')

Italien war an der Gruppephas feelerfräi opgetrueden a konnt sech sou mat 3 Victoiren déi éischten Tabelleplaz am Grupp A, viru Wales an der Schwäiz, sécheren. Doriwwer eraus si si déi éischt Natioun, déi an der Gruppephas ouni Géigegol duerchkoum. Éisträich gouf dogéint mat 6 Punkten hannert Holland den 2. a senger Grupp.

An enger ausgeglachener Ufanksphas waren et d’Italiener, déi déi éischt Geleeënheeten am Match haten. Nom Schoss vum Insigne an e bësse méi spéit vum Barella war de Bachmann awer um Posten. Italien war kloer den Här am Haus, ma et huet awer iwwer wäit Strecken un der néideger Prezisioun gefeelt. An der 32. Minutt hat sech den Immobile een Häerz geholl, ma säi Schoss aus der Distanz goung just widder de Potto. Italien dréckt a spillt sech Geleeënheeten eraus, mee no 45 Minutte stoung et nach 0:0-Remis.

Nom Téi koumen d’Éisträicher verbessert aus der Kabinn. Dem Alaba säi Fräistouss aus ronn 17 Meter goung no 51 Minutte knapp iwwer d’Lat. An der 64. Minutt koum et dunn zu enger enker Situatioun. No enger Flank op den Alaba hat dësen den Arnautovic an der Mëtt fonnt. De Stiermer konnt de Ball mam Kapp iwwer d’Linn drécken, ma nodeems sech den Här Taylor d’Aktioun nach eng Kéier ugekuckt hat, gouf de Gol zu Recht erëm oferkannt, dëst well den Arnautovic am Abseits stoung. Am zweeten Duerchgang waren et d’Éisträicher, déi besser am Match waren, Italien huet sech haaptsächlech op Kontere verlooss, ma et blouf no 90 Minutten awer beim 0:0.

An der Verlängerung waren et dann erëm d’Italiener, déi déi besser offensiv Aktiounen haten. An der 95. Minutt krut de Chiesa de Ball am Strofraum a mat engem stramme Schoss an de laangen Eck konnt hie fir d’Féierung suergen. Duerno hunn d’Italiener weider gedréckt, a sou konnte si a Persoun vum Pessina nach virun der Halbzeit vun der Verlängerung fir d’Virentscheedung suergen.

An der 114. Minutt konnt de Kalajdzic mat engem Kappball nom Corner vum Schaub nach verkierzen, ma um Enn sollt et awer net méi duergoen. Soumat ass Italien déi zweet Natioun an der Véierelsfinall.

News, Statistiken, Radio-Reportagen, Pronostickespill, Quiz, ...

Back to Top
CIM LOGO