Europa LeagueIwwerraschend Victoire vu Villareal, Manchester United wënnt mat 6:2 géint Roum

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend waren d'Allersmatcher vun den Halleffinallen an der Europa League.
© AFP

FC Villareal - FC Arsenal 2:1
1:0 Trigueros (5'), 2:0 Albiol (29'), 2:1 Pepé Eelefmeter (73')

D’Spuenier si richteg gutt an de Match komm a konnten duerch de Manu Trigueros fréi a Féierung goen. Dono huet Arsenal probéiert d’Kontroll ze iwwerhuelen a grad an där Phas, an där d’Englänner besser gi sinn, huet Villareal a Persoun vum Albiol eng zweete Kéier zougeschloen. Mam Stand vun 2:0 fir d’Lokalekipp goufen dunn och d’Säite gewiesselt.

Och an der zweeter Hallschent ass et weiderhin net gutt gelaf fir d’Ekipp aus der englescher Haaptstad. An der 57. Minutt war et nämlech den Dani Ceballos, dee Giel-Rout gewise krut. D’Gunners sollten trotz der Ënnerzuel nach eemol erëmkommen, an der 73. Minutt konnt de Pepé nämlech vum Eelefmeterpunkt verkierzen. Vun der 80. Minutt u war Arsenal dunn net méi an Ënnerzuel, well dunn huet de Capoue och déi giel-rout Kaart kritt, esou datt et elo 10 géint 10 war. Dëst sollt awer näischt méi um Schlussresultat änneren.

Manchester United - AS Roum 6:2
1:0 Bruno Fernandes (9'), 1:1 Pellegrini Eelefmeter (15') 1:2 Dzeko (33'), 2:2 Cavani (48'), 3:2 Cavani (64'), 4:2 Bruno Fernandes Eelefmeter (71'), 5:2 Pogba (75'), 6:2 Greenwood (86')

Et war eng iwwerraschend éischt Hallschent am Match tëscht Manchester an dem AS Roum. D’Englänner si wuel liicht favoriséiert an de Match gaangen a konnten och schonns no 9 Minutten den 1:0 schéissen. Ma dono ass alles schif gaangen. No enger Véierelsstonn konnt de Pellegrini vum Eelefmeterpunkt aus ausgläichen an an der 33. Minutt huet den Dzeko de Match dunn nach zu Gonschten vun den Italiener gedréint.

An der zweeter Hallschent huet Manchester United dunn op en Neits e gudde Start erwëscht a konnt schonn nees fréi ausgläichen. An der 48. Minutt war et de Cavani, deen den 2:2 markéiere konnt. Manchester huet elo ëmmer weider Drock gemaach an an der 64. Minutt huet de Cavani nach eemol zougeschloen a konnt seng Ekipp nees a Féierung bréngen. Dono war Manchester net méi ze stoppen. Fir d’éischt konnt de Bruno Fernandes vum Eelefmeterpunkt aus op 4:2 stellen, ier de Pogba op 5:2 stelle konnt. An der 86. Minutt huet de Greenwood du fir d'6:2-Schlussresultat gesuergt, esou datt Manchester schonns mat engem Been an der Finall steet.

Back to Top
CIM LOGO