
Um Samschdeg stoung bei den Hären e Slalom-Weltcup zu Gurgl an Éisträich um Programm. De Fransous Paco Rassat huet sech um Enn iwwerraschend duerchgesat. Et war awer eng ganz enk Course. De Belsch Armand Marchant hat op der 2. Plaz e klenge Réckstand vu 7 Honnertstel. Den Norweger Atle Lie McGrath gouf den Drëtte mat engem Retard vun 9 Honnertstel. De McGrath konnt säi Virsprong aus dem 1. Duerchgang nëmme knapp net verdeedegen.
Am Schisprange gouf et zu Lillehammer an Norwegen en dräifachen Erfolleg fir Éisträich. Den Daniel Tschofenig ass 133 an 129 Meter wäit gesprongen an hat domadder 311,50 Punkten. Zweete gouf de Jan Hörl mat engem Retard vu 4,3 Punkten. De Podium gouf vum Stefan Kraft (306.30 Punkten) komplettéiert.