3. LigaJeff Saibene gëtt neien Trainer vum 1. FC Kaiserslautern

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger iwwerhëlt domat d'Successioun vum Boris Schommers op der Trainerbänk vun de Rouden Däiwelen.
Jeff Saibene gëtt neien Trainer vum 1. FC Kaiserslautern
De Lëtzebuerger iwwerhëlt domat d’Successioun vum Boris Schommers op der Trainerbänk vun de Rouden Däiwelen.

Jeff Saibene neien Trainer beim 1 FCK / Rep. Franky Hippert

De Saibene souz fir d’Lescht beim FC Ingolstadt op der Bänk, dat bis Mäerz 2020. Do virdru war hien och schonns Trainer bei Arminia Bielefeld, dem FC Thun, FC Aarau an FC St. Gallen.

Kaiserslautern steet aktuell an der 3. däitscher Liga op der leschter Plaz, mat 0 Punkten aus 2 Matcher. Offiziell gouf de Jeff Saibene um 13 Auer op enger Pressekonferenz presentéiert.

Den 52 Joer ale Lëtzebuerger sot bei senger Presentatioun, datt hie Futtball mat vill Leidenschaft an Engagement mat der Ekipp vum Betzenberg wëll spille loossen. An der drëtter Bundesliga misst een de Futtball unhuelen, wéi en ass, dat heescht, et gëtt kee Schéinheetspräis, mä et muss een haart dowidder goen.

Back to Top
CIM LOGO