RTL-InformatiounenJeff Saibene soll d'nächst Saison neien Trainer um Racing ginn

RTL Lëtzebuerg
Et dierft d’Trainerbesetzung vum Joer am Lëtzebuerger Futtball ginn. RTL-Informatiounen no géif de Saibene d’nächst Saison neien Trainer um Racing ginn.
© AFP (Archiv)

De fréieren Trainer vun ënnert anerem Sankt Gallen, Bielefeld a Kaiserslautern géif domat de Régis Brouard bei deene Stater ofléisen. De Saibene soll e Kontrakt vun 3 Joer kréien.

Am Moment steet d‘Ekipp vun der Presidentin Karin Reuter op der 4. Plaz an der Tabell a géif domat d‘nächst Saison an der europäescher Conference League spillen. Den 52 Joer ale Saibene war jo och beim Swift Hesper mam Mäzen Flavio Becca am Gespréich.

Um Racing gouf allerdéngs och den Numm vum Jeff Strasser als méiglechen Trainer héich gehandelt. De Saibene schéngt déi Course um Verluerekascht awer gewonnen ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO