No OnsportlechkeetJeff Strasser fir 3 Matcher gespaart

RTL Lëtzebuerg
De leschte Sonndeg hat de Jeff Strasser kuerz viru Schluss vum Coupe-Match zu Péiteng wéinst enger Onsportlechkeet déi Rout Kaart gewise kritt.
© pressphoto (Archiv)

Den Tribunal Fédéral vun der Futtball-Federatioun huet den Trainer vun der Fola elo fir 3 Matcher gespaart.

D’Fola hat sech de leschte Weekend an de 1/16-Finalle vun der Coupe de Luxembourg zu Péiteng mat 2:1 behaapt. An de leschte Minutte ware et e bësse méi haart hier gaangen an de Jeff Strasser, Trainer vun der Fola, hat hei déi Rout Kaart gewise kritt a gouf elo fir seng Onsportlechkeet gespaart.

Goal - de ganze Match
De Leader an der BGL Ligue Péiteng ass eliminéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO