5. Plaz op der Karate-WM zu DubaiJenny Warling verléiert Kampf ëm Bronze mat 1:4 géint d'Ivet Goranova
Wéi d'Sektioun Karate vun der FLAM matdeelt, huet d'Jenny Warling no der rezenter Disqualifikatioun et net gepackt, sech géint d'Bulgarin duerchzesetzen.
Jenny Warling am Interview
Fir d’Lëtzebuerger Sportlerin ass et déi 5. Plaz op der Karate-WM zu Dubai. De Kampf ëm Bronze huet si mat 1:4 géint d’Ivet Goranova verluer.
Nodeem d’Goranova deen éischte Punkt gemaach huet, konnt d’Lëtzebuergerin nach mat 1:1 gläichzéien.
Dunn allerdéngs ass et der Bulgarin gegléckt, 3 Punkten ze markéieren, a si huet sech och dono de Virsprong op d’Jenny Warling net méi ewechhuele gelooss. D’Ivet Goranova hat och schonn d’Nummer 1 an der Weltranglëscht op der WM eliminéiert.
D’Jenny Warling kënnt domadder op déi 5. Plaz am Klassement vun der WM.