
Bei den Hären konnt sech op de leschte Meter vun der 15 km laanger Streck de Russ Sergei Ustiugov e bëssen vun der Konkurrenz ofsetzen a gewënnt de Massenstart mat engem Virsprong vu 4 Sekonnen virum Johannes Klaebo aus Norwegen an engem weidere Leefer aus Russland dem Alexander Bolshunov.
Bei den Dammen konnt d’Norwegerin Therese Johaug no 10 km ganz souverän a mat engem Virsprong vun 12,3 Sekonnen d’Victoire virun der Teamkollegin Heidi Weng an der Schwedin Ebba Andersson feieren.
D’Tour de Ski besteet aus 7 Etappen a gëtt vum 28. Dezember bis de 5. Januar zu Lenzerheide (Schwäiz), Toblach (Italien) a Val di Fiemme (Italien) gefuer. Dës Tour zielt all Joers zu engem vun den Héichpunkten bei de Laangleefer.