
De 16. September koum d’Annonce, datt den FC Monnerech an de Sébastien Mazurier getrennte Weeër ginn. Elo soll de Joris Di Gregorio déi Monnerecher, déi mat 0 Punkten op der leschter Tabelleplaz stinn, virum Ofstig retten.
Den 42 Joer ale Fransous, deen als Spiller bei der Fola, dem F91, Hueschtert a Munneref aktiv war, gouf och zweemol zum Futtballer vum Joer gewielt. No senger aktiver Karriär war hien ënnert anerem Co-Trainer zu Munneref.