Nationale Futtball
De Sébastien Mazurier an den FC Monnerech gi getrennte Weeër

Dat huet de Veräin e Méindeg den Owend offiziell matgedeelt.
An der ieweschter Divisioun am nationale Futtball muss nom 6. Spilldag deen éischten Trainer an dëser Saison goen.
Wéi et e Méindeg den Owend vum FC Monnerech heescht, hätte sech den Trainer Sébastien Mazurier an de Veräin d'un commun accord vunenee getrennt.
De Co-Trainer Marc Depienne iwwerhëlt den Interim.
Monnerech huet no sechs Spilldeeg nach 0 Punkten um Kont a steet um Wupp vun der Tabell. De Weekend hat ee mat 0:2 géint den Opsteiger Beetebuerg de Kierzere gezunn.
Am meeschte gelies