
Wat d’Participatiounskrittären uginn, hunn d’Organisateure sech un deene vun de Spiller vun de klengen europäeschen Länner orientéiert. D’Iddi, fir dës Europameeschterschaft vun de klenge Länner ze organiséieren, geet op d’Sektioun Judo vun der Lëtzebuerger Kampfsportfederatioun zeréck. An de leschte Jore goufen et do och ëmmer nees Gespréicher mat deenen anere klengen Natiounen, esou den Tom Schmit, de Vizepresident vun der Administratioun Judo bei der FLAM.
“An elo an de leschten 10 bis 12 Méint aktiv verfollegen. Eis iewescht Prioritéit ass ganz kloer de sportleche Volet.”
Fir esou eng Première huet sech natierlech d’Fro gestallt, wéi eng Länner ee bei dëser Europameeschterschaft matmaache léisst.
“Fir déi éischt Editioun sinn et déi nämmlecht Natioune wéi bei de Spiller vun de klenge Länner: Andorra, Island Liechtenstein, Malta, Montenegro, Monaco, San Marino an Zypern.”
D’Zil fir all Sportler ass natierlech bei de richtegen Europameeschterschaften oder Weltmeeschterschaften dobäi ze sinn. Dës EM vun de klenge Länner ass awer och vum sportlechen Niveau hier ganz interessant, seet den Tom Schmit.
“Natierlech hu mer e puer Athleten, déi kënnen op eng Jugend-EM oder eng Senior-EM goen, fir do een oder e puer Matcher ze gewannen. Mä och fir déi menge mir, datt et wichteg ass, hinnen eng Europameeschterschaft ze bidden, fir op deem Niveau Medailen an hoffentlech och vill Goldmedaile kënnen ze sammelen.”
Dës éischt Editioun vun der Europameeschterschaft vun de klengen Länner ass de 5. a 6 November an der Coque. Samschdes ass et am Individuell fir d’U18 an d’Senioren, sonndes steet da “par Equipe” um Programm.