EM am SchwammenJulie Meynen mat gudder Leeschtung iwwer 50 Meter Crawl

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuergerin ass bei hirem Comeback op internationalen Niveau déi 20. ginn.
© FLNS (Archiv)

E Méindeg war et zu Roum d’Suite vun den Europameeschterschaften am Schwammen. D’Julie Meynen war an de Virleef iwwer 50 Meter Crawl gefuerdert an ass do eng Zäit vu 25 Sekonnen a 65 Honnertstel geschwommen. Dat war um Enn déi 20. Plaz.

D’Lëtzebuergerin huet d’Halleffinallen ëm 2 Honnertstel verpasst. 39 Schwëmmerinne waren um Depart.

An der 4x100 Meter Crawl Mixed-Staffel ass Lëtzebuerg (Fabiani, Brandenburger, Olivier, Meynen) e Méindeg de Moien net un den Depart gaangen.

PDF: Schreiwes FLNS

Back to Top
CIM LOGO