
Dat ass dem 26 Joer ale Schwëmmer vun Diddeleng seng Saison-Beschtzäit. D‘Monique Olivier hat iwwer 400 Meter Crawl e Chrono vu 4 Minutten, 10 Sekonnen a 57 Honnertstel a war domat ronn eng Sekonn iwwert hirer Beschtzäit.
Am High Diving, dat heescht beim Sprong vu 27 Meter, läit den Alain Kohl no zwee vu 4 Spréng op der 18. Plaz. Den 39 Joer ale Sprénger huet sech awer beim andauchen um Fouss blesséiert.
Leschten Dag e Méindeg op der Schwamm-Weltmeeschterschaft am 25-Meter-Baseng zu Abu Dhabi aus Lëtzebuerger Siicht. De Ralph Daleiden schléit iwwer 100 Meter Crawl no 48 Sekonnen an 80 Honnertstel un. Den 18 Joer jonke Schwëmmer ass domat 27 Honnertstel iwwer senger Beschtzäit bliwwen.
Iwwer 50 Meter Crawl hat d’Julie Meynen e Chrono vu 25 Sekonnen an 12 Honnertstel a klasséiert sech domat als 29. ënner 89 Konkurrentinnen.
Am High Diving, dem Erofsprange vu 27 Meter, huet den Alain Kohl e Méindeg net méi kënnen untrieden.