EM-QualifikatiounKader presentéiert fir Matcher géint Nordirland a Serbien

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch de Moien huet den Nationaltrainer Luc Holtz de Kader presentéiert, fir d'Lännermatcher géint Nordirland a Serbien.
© Didier Weber / RTL Télé Lëtzebuerg

De 5. September spillt d’Futtball-Nationalekipp e Frëndschaftsmatch auswäerts géint Nordirland. Den 10. September da spille se hei heem an der Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft géint Serbien. Opfälleg am Kader vun der Nationalekipp ass, dass nëmmen nach 5 vun de 24 selektionéierte Spiller zu Lëtzebuerg spillen. Déi aner 19 Spiller sinn alleguerten am Ausland bei deels richteg bekannten Ekippen aktiv, wat fir d’Qualitéit vun de Roude Léiwe schwätzt.

Dës Qualitéit hu si och schonns an der aktueller Campagne ënner Beweis gestallt. Et gouf eng Victoire an ee Remis géint Litauen a géint d’Ukrain gouf et zweemol eng ganz knapp Néierlag. Virun allem de Match heiheem am Stade Josy Barthel war ganz enk. Wat de Géigner Serbien ugeet, déi hu bis elo och 4 Punkten um Konto, dat duerch ee Remis géint Portugal, eng Victoire géint Litauen an eng 0:5-Néierlag géint d’Ukrain.

Dem Nationaltrainer Luc Holtz senger Meenung no ass d’Partie géint Nordirland eng wichteg Virbereedung op de Qualifikatiounsmatch déi Woch drop géint Serbien. D’Ambitioune vum Luc Holtz u seng Ekipp sinn héich, och wann et géint déi nächst Géigner net einfach wäert ginn.

De Luc Holtz iwwer de Rescht vun der Campagne

An der Grupp spillt ee wéi gesot nach géint Serbien an awer och géint Portugal. Dem Luc Holtz ass bewosst, dass et schwéier wäert ginn ee Punkt ze huelen, ma nawell hofft een op Punkten, mä nach méi wichteg wier et, sech op en Neits esou ze presentéieren, wéi si dat déi 4 Matcher bis elo gemaach hunn.

De Kader vun de Roude Léiwen

Gol:
- Moris Anthony (Excelsior Virton)
- Schon Ralph (Una Stroossen)
- Kips Tim (F91 Diddeleng)

Defense:
- Jans Laurent (SC Paderborn)
- Hall Tim (Karpaty Lviv)
- Carlson Dirk (SC Karlsruhe)
- Chanot Maxime (New York City FC)
- Selimovic Vahid (Apollon Limassol)
- Gerson Lars (IFK Norrköping)
- Malget Kevin (Excelsior Virton)
- Martins Marvin (Karpaty Lviv)

Mëttelfeld:
- Thill Vincent (US Orléans)
- Barreiro Leandro (FSV Mainz)
- Sinani Danel (F91 Diddeleng)
- Olesen Mathias (1. FC Köln)
- Thill Olivier (FK Ufa)
- Bohnert Florian (FSV Mainz)
- Martins Perreira Christopher (Young Boys Bern)
- Philipps Chris (Legia Warschau)
- Skenderovic Aldin (Progrès Nidderkuer)

Stuerm:
- Turpel Dave (Excelsior Virton)
- Rodrigues Gerson (Dynamo Kiew)
- Deville Maurice (Waldhof Mannheim)
- Da Mota Daniel (RFCU Lëtzebuerg)

© Didier Weber / RTL Télé Lëtzebuerg

PDF: De Kader nach emol am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO