
Vun Ufank un hu sech zu Käerjeng zwou Ekippen op Aenhéicht begéint, wat sech och um Score gewisen huet. No 30 Minutte stoung et sou schonn 20:20 an och an der zweeter Hallschent vum Match war et weiderhi spannend. Bis zum Schluss war et eng oppe Partie, an där sech Käerjeng dann eng knapps 37:36-Victoire géint Miersch séchere konnt.