HandballKäerjeng wënnt Spëtzematch géint Esch a bleift an der Tabell drun

RTL Lëtzebuerg
Bei der Suite vum 4. Spilldag am Titel-Playoff koum et am Spëtzematch zum Duell tëscht dem Leader Esch an dem Tabellenzweete Käerjeng.
© Serge Olmo

No enger staarker éischter Hallschent konnten déi Käerjenger sech eng Avance vu 4 Goler erausspillen, dat beim Stand vun 18:14.

An der zweeter Hallschent huet Esch sech e gutt Stéck verbessert, virun allem offensiv. Um Enn sollt et fir den Tabelleleader awer net méi ganz duergoen, well Käerjeng konnt sech um Enn knapps mat 31:30 duerchsetzen a bleift domat an der Tabell un Esch drun.

Handball Käerjeng-Esch / Reportage Serge Olmo

Back to Top
CIM LOGO