"Dribbel"Käerjenger Futtballsanlag 1 Mount nom Tornado

Christophe Hochard
An e puer Wochen ass et dem Veräin an der Käerjenger Gemeng gelongen, e gudden Deel nees ze flécken.
Käerjenger Fussballsanlag 1 Mount nom Tornado
An e puer Wochen ass et dem Veräin an der Käerjenger Gemeng gelongen, e gudden Deel nees ze flécken.

An dat ass och net vun onnëtz, well dëse Weekend gëtt fir d'27. Kéier de groussen, internationalen Jugend-Tournoi an der Brauereistad organiséiert.

4 Terraine ginn et um Käerjenger Dribbel. Zanter dem Passage vum Tornado ass een net méi ze gebrauchen. Op dëse war eng Héichspannungsleitung gefall an huet d’Surface vum syntheteschen Terrain futtigemaach. Och 9 vu 14 Masten, un deenen d’Scheinwerfer drop installéiert sinn, hunn no enger Kontroll missen ewechgeholl ginn. Do dernieft hunn déi synthetesch Terraine misse gebotzt ginn. Déi loungen nämlech e.a. voller Schierbelen. Ausserdeem hu missen iwwer 50 Pottoe vun de Fangnetzer ronderëm d’Terrainen ofgeschnidde ginn. Problemer goufen et och mam Daach vun der Hal. De Blitzableiter an d’Ventilatioun an de Vestiairen ware futti.

16 international Veräiner aus Lëtzebuerg huele mat hiren Ekippen dëse Weekend un dësem Futtball-Tournoi deel a wëllen Medailen gewannen.

Back to Top
CIM LOGO