Lëtzebuerger Futtballer am AuslandKaiserslautern an Ingolstadt trenne sech 1:1

RTL Lëtzebuerg
Eng Victoire dogéint konnt de Maurice Deville mat Saarbrécken géint 1860 München afueren.
© AFP (archiv)

4 Matcher souz de Jeff Saibene bis elo bei Kaiserslautern op der Säitelinn an huet domadder dat 4. Gläichspill agefuer. Nodeems Lautern an der 10. Minutt duerch de Pourié konnt a Féierung goen, huet Ingolstadt an der 76. Minutt duerch de Bilbija ausgeglach nodeems d’Gäscht ab der 65. Minutt duerch eng rout Kaart fir den Elva an Ënnerzuel gespillt hunn.

An der Nospillzäit huet sech de Schad vu Kaiserslautern schwéier blesséiert a gouf an d’Spidol gefouert nodeems de Preissinger onglécklech op säi Fouss gefall ass.

Am zweete Match vun der 3. Liga an Däitschland konnt sech Saarbrécken mam Maurice Deville mat 2:1 am Spëtzematch géint 1860 München duerchsetzen a steet domadder elo op der 1. Plaz an der Tabell. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 86. Minutt agewiesselt.

Back to Top
CIM LOGO