
Kaiserslautern - Mainz 05 2:0
Kaiserslautern bréngt déi kleng Sensatioun fäerdeg a gehäit Mainz 05 aus dem DFB-Pokal. D’Ekipp vum Geschäftsmann Flavio Becca huet richteg gutt dogéint gehalen, allerdéngs waren et awer déi Mainzer, bei deenen de Leandro Barreiro de ganze Match op der Bänk souz, déi di besser Chancen haten. Mee mat groussem Wëllen an enger kämpferescher Leeschtung hunn Si et fäerdeg bruecht d’Gäscht zu enger Néierlag ze zwéngen. An der 63. Minutt konnt de Starke mat engem Eelefmeter den 1:0 schéissen a kuerz viru Schluss huet de Pick mam 2:0 fir d’Entscheedung gesuergt.
Delmenhorst - Werder Bremen 1:6
De Match gouf op Ufro vun Delmenhorst zu Bremen am Weserstadion gespillt. Bremen hat dann och keng Problemer, fir sech géint den Oberligist ze behaapten. No 45 Minutte war Bremen scho 4:1 vir, dëst duerch Goler vun Osako, Moisander, Rashica a Klaassen. Fir Delmenhorst hat den Schmitt an der 30. Minutte den Éierentreffer markéiert. An der zweeter Halschent ass et méi gemittlech ofgelaf... just ee war nach richteg motivéiert Goler ze schéissen. Dat war de Claudio Pizzaro (40 Joer). Hie gouf an der 65. Minutt eran an huet an der 68. an an der 74. Minutt nach 2 Goler geschoss.
Alemannia Aachen - Bayer Leverkusen 1:4
Ouni vill Problemer gewënnt Bayer Leverkusen zu Aachen mat 4:1 géint eng Ekipp vun Aachen déi awer ganz ordentlech konnte mathalen. Allerdéngs war et en Eegegol vum Hackenberg dee Leverkusen op d’Spuer bruecht huet. Virun der der Paus konnt de Volland dann op 2:0 erhéijen. Kuerz war Aachen dann nees am Match wéi se an der 56. Minutt duerch de Batarilo-Cerdic den 1:2 geschoss hunn. Mee de Bailey (72.’) an den Havertz (88.’) hu mat 2 weidere Goler alles kloer gemaach.
SC Verl - Augsburg 2:1
De Veräin aus der Regionalliga Südwest huet dann awer fir déi bis elo gréissten Iwwerraschung an der 1. Ronn vum DFB-Pokal gesuergt. No enger staarker Leeschtung gewënnt nämlech den SC Verl no Goler vum Suchy (Selbstgol, 8.’) a Schallenberg (23.’) mat 2:1 géint den FC Augsburg aus der Bundesliga. Den Hahn konnt an der 83. Minutt zwar nach eng kéier verkierzen mee dëse Gol sollt ze spéit kommen.
Würzburg - Hoffenheim 7:8 n.E.
Hoffenheim huet sech immens schwéier gedoen géint den Drëttligist aus Würzburg deen hinnen alles ofverlangt huet. Nodeems et no der Verlängerung 3:3 stoung ass et an d’Eelefmeterschéisse gaangen an do konnt de Baumann, Golkipper vun Hoffenheim, 1 Eelefmeter méi halen wéi säi Géigeniwwer an domadder steet Hoffenheim an der 2. Ronn.
Drochtersen - Schalke 04 0:5
0:1 Skrzybski (44.’), 0:2 Burgstaller (61.’), 0:3 Caligiuri (65.’), 0:4 Mercan (73.’), 0:5 Burgstaller (83.’)
West Ham United - Manchester City 0:5
Am éischte Match vun der Saison huet den aktuellen englesche Meeschter aus Manchester iwwerhaapt näischt ubrenne gelooss a gewënnt ganz souverän mat 4:0. An der 25. Minutt huet de Gabriel Jesus den éischte Gol fir ManCity an dëser Saison geschoss. Kuerz no der Paus (51.’) huet de Sterling op 2:0 erhéicht an an der 75. Minutt war et nach eng kéier den englesche Nationalspiller dee säin 2. perséinleche Gol konnt schéissen. Duerch en Eelefmeter ass et dem Agüero gelongen de 4:0 ze schéissen a kuerz viru Schluss ass dem Sterling mat sengem 3. Gol dann esouguer en Hattrick direkt am éischte Match gelongen.
Totenham Hotspur - Aston Villa 3:1
An der 9. Minutt konnt Aston Villa duerch e Gol vum McGinn a Féierung goen an Tottenham hat sech laang Zäit gelooss fir dëse Match ze dréinen. An der 73. Minutt ass et den Neizougang aus Lyon, Ndombele, deen den 1:1 konnt schéissen. Mat 2 perséinleche a spéide Goler konnt de Kane (86.’, 90.’) de Match dann nach dréinen.
LINK: D’Resultater an d’Tabell aus der Premier League
Marseille - Reims 0:2
Fir Marseille ass de Start an déi nei Saison net esou verlaf wéi geduecht a verléieren den éischte Match mat 0:2 géint den Underdog aus Reims. D’Goler fir d’Gäscht konnten den Dia (58.’) an de Suk (90.’) schéissen.