VolleyballKamil Rychlicki wënnt d'Coupe mat Perugia

RTL Lëtzebuerg
Duerch eng 3:1-Victoire géint Itas Trentino huet Perugia d'Finall fir sech entscheet an domat déi italienesch Coupe gewonnen.
© pressphoto (archive)

De Kamil Rychlicki ass mat sengem Club Sir Safety Perugia neie Coupe-Gewënner an Italien. Nodeems et an der Halleffinall eng 3:1-Victoire géint Piacenza gouf, konnt ee sech och an der Finall mat 3:1 géint Itas Trentino behaapten.

Fir de Kamil Rychlicki ass et den éischten Titel mat sengem neie Club a schonn déi drëtt Coppa del Monte a senger Karriär. 2020 an 2021 konnt hien de selwechten Titel och mat Lube Civitanova gewannen.

Och am Championnat leeft et fir Perugia de Moment richteg gutt. D’Ekipp ëm de 25 Joer ale Lëtzebuerger huet 10 Punkte Virsprong op den Zweeten Civitanova. Donieft huet sech Perugia an der europäescher Championsleague ouni Defaite fir d’Véierelsfinall konnte qualifizéieren.

Back to Top
CIM LOGO