
En Dënschdeg um 19 Auer kéint den T71 auswäerts schonns de Sak zoumaachen. Bei den Damme gëtt jo nom Modus Best-of-3 gespillt, dat heescht, déi Ekipp, déi als éischt 2 Matcher gewonnen huet, ass Champion. Fir d’Catherine Mreches vum Diddeleng, war et jo elo mol schonn e gudden Optakt. Et hätt een nëmmen een Dag Paus an dee misst een elo notzen, fir ze rouen an de Kapp fräi ze kréien.
Och wann et an der éischter Finall eng Victoire gouf, weess d’Catherine Mreches, datt ënnert dem Kuerf awer nach Loft no uewen ass. Et misst ee probéieren, de Gréngewald ënnert dem Kuerf ze stoppen.
D’Anne Simon vum Gréngewald hofft elo am zweete Match op den Heemvirdeel. Si ass gespaant op d’Spectateuren an hofft, dass een do vill Ënnerstëtzung wäert kréien. Dass d’Etzella den T71 doheem klappe konnt, gëtt der Lëtzebuerger Nationalspillerin nach weider Hoffnung.
Den Thierry Kremer, Trainer vum T71, ass net ganz glécklech, datt déi 3 eventuell Partien an der Finall vum Championnat esou no openee sinn. Dat wier net normal.
Ob Diddeleng de Matchball am Gréngewald schonn notze kann oder ob et awer nach eng drëtt an decisiv Partie e Freideg gëtt, decidéiert sech dann en Dënschdeg den Owend vun 19 Auer un zu Nidderaanwen.