Nations League bei den DammenKapitänin Laura Miller nees zeréck am Kader vun de Roude Léiwinnen

RTL Lëtzebuerg
De Mëttwoch de Moien huet den Dammennationaltrainer Dan Santos säi Kader fir déi béid Nations-League-Matcher géint d'Tierkei annoncéiert.

Nees zeréck no hirem Ermiddungsbroch um Schinnebeen ass d’Kapitänin Laura Miller. Allerdéngs ginn en Donneschdeg am Laf vum Dag nach déi lescht Tester gemaach, fir ze kucken, ob d’Spillerin vum Standard vu Léck spille kann. Fir deen éischte vun zwee Matcher géint d’Tierkei ass et awer nach ze fréi.

Donieft ka sech d’Julie Marques iwwert hire Retour an de Krees vun der Nationalekipp an d’Andreia Faria iwwert hir éischt Selektioun freeën.

En Donneschdeg start de Virverkaf fir den Heemmatch de 27. Oktober am Stade Emile Mayrisch um Escher Gaalgebierg. 4 Deeg drop spillt d’Ekipp vum Dan Santos dann auswäerts an der Tierkei zu Corum.

Kapitänin Laura Miller nees zeréck am Kader vun de Roude Léiwinnen
E Mëttwoch de Moien huet den Dammennationaltrainer Dan Santos säi Kader fir déi béid Nations-League-Matcher géint d’Tierkei annoncéiert.

De Kader vun de Léiwinnen

Back to Top
CIM LOGO