
Am Spëtzematch tëscht dem F91 Diddeleng an der Fola gouf et kee Gewënner a spillen 1:1. Zu Rëmeleng kruten d’Spectateuren eng verréckt 2. Halschent gewisen a schlussendlech gewënnt d’Etzella mat 5:3.
De Match hat kaum ugefaange, do hat et schonn am Gol vun den Diddelenger gerabbelt. Den Hadji hat de Corral ugespillt an deen huet de Joubert mat engem Schoss an de kuerzen Eck iwwerwonnen. D’Defense vun den Diddelenger hat bei dëser Situatioun net immens gutt ausgesinn. No 15 Minutten konnt Diddeleng awer ausgläichen wéi de Sinani no enger Flank vum Stolz ganz fräi um zweete Potto stoung an de Ball an de Wénkel geschoss huet. D’Fola hat allerdéngs och nom Ausgläich méi vum Match a konnt sech méi Golchancen erausspillen.
No der Paus hu sech béid Ekippen schwéier gedoen a konnten den Erwaardungen vun dësem Match net gerecht ginn wëll de Niveau deen se gewisen hunn war net immens héich a Golchancen goufen et och praktesch keng. An der 74. Minutt huet den Tom Schnell senger Ekipp kee Gefale gedoen a krut déi giel-rout Kaart.
D’Spectateure kruten an den éischte 45 Minutten wéineg gudde Fussball gebueden. D’Gäscht vun Hamm hu keen Effort gemaach fir no vir ze spillen a wollte nëmmen e Géigegol verhënneren. Déi Péitenger kontrolléieren de Match, ma et goung net duer fir wierklech geféierlech ze ginn an a Féierung ze goen.
No der Paus konnt Péiteng seng Iwwerlëenhëeet dann awer endlech a Goler ëmwandelen a konnten an der 67. Minutt a Féierung goen. Eng Flank vum Teixeira konnt den Dzanic als éischt unhuelen an dann an de Gol schéissen. No 75 Minutten huet de jonken Tun Held e wonnerschéine Gol geschoss wéi en de Ball aus 20 Meter an de laangen Eck geschoss huet. An der 90. Minutt konnt de Sawaneh no enger Flank vum Avdusinovic den 3:0 geschoss.

An der éischter Halschent kruten d’Spectateuren alles anescht wéi en animéierte Match ze gesinn wëll vill Golchancen gouf et net ze gesinn. An der 38. Minutt konnt de Racing awer e bësse glécklech mat 1:0 a Féierung goen. Den Hennetier huet eng Flank geschloen, déi ass allerdéngs ëmmer méi laang ginn an ass am laangen Eck am Gol ageschloen.
An der Mëtt vun der 2. Halschent huet Hueschter méi riskéiert, huet hannen opgemaach mee se koumen allerdéngs zu kenge Golchancen. De Racing dogéint hat direkt e puer Chancen ausgelooss mee an der 89. Minutt konnten se dann fir d’Entscheedung suergen. Eng Flank vum Da Mota huet de Pleimling nach ofgewiert mee géint de Schoss vum Nakache war näischt méi ze maachen.

An der éischter Véierelstonn war Rëmeleng déi besser Ekipp mee dono ass awer net méi vill vun den Haushäre komm. No 28 Minutten gouf et dunn en Eelefmeter nodeems den Dragovic de Correia am Strofraum vun de Been geholl huet an den Holtz huet dem Winkel am Gol keng Chance gelooss. Nëmmen 1 Minutt drop huet d’Etzella nogeluecht a konnt op 2:0 stellen. Den Holtz huet op 20 Meter fir de Kalisa ofgeluecht an deem säi Schoss ass ganz präzis am kuerzen Eck gelant.
No der Paus sollten d’Spectateuren dann awer eng verréckt zweet Halschent gesinn. De Rëmelenger ass et a 16 Minutten gelongen de Match ze dréinen. An der 53. Minutt war et als éischt de Gomes dee per Volley den 1:2 konnt schéissen. 8 Minutte méi spéit huet de Maison no engem Corner de Ball am Filet ënnerbruecht. An dunn an der 69. Minutt sollt hinnen tatsächlech den 3:2 geléngen wéi de Sahin enger Virlag vum Gomes de Ball an de Gol geschoss huet. Et sollt net manner verréckt weider goen wëll deenen Ettelbrécker ass et gelongen de Match nach eng kéier ze dréinen. Mee d’Etzella wollt dëst net op sech sëtze loossen den Zwick huet an der 77. Minutt e Corner vum Holtz agekäppt huet. No 84 Minutten war et dës kéier de Correia deen e Corner vum Holtz an de Gol gekäppt huet. Zum Schluss huet de Bouctibti no Virlag vum Correia nach de 5:3 geschoss a soumat fir d’Entscheedung gesuergt.

Obwuel 3 Goler an der éischter Halschent gefall sinn, war et e ganz schwaache Match op der Grenz. Mee d’Mondorfer konnten déi Escher iwwerraschen a goungen schonn no 2 Minutten duerch de Scanzano a Féierung wéi eng Réckpass vum Steinbach op de Sommer ze kuerz war an de Mondorfer de Ball iwwert de Golkipp an de Gol konnt schéissen. Aus dem Spill eraus ass der Jeunesse dono allerdéngs näischt gelongen a konnten duerch e Corner ausgläichen wéi de Menessou ganz fräi an de Gol käppe konnt. Mee Mondorf huet nëmmen 2 Minutte méi spéit nees nogeluecht an huet den 2:1 geschoss. De Yao huet de Sommer mat engem Schoss an de laangen Eck iwwerwonnen.
Och no der Paus ass de Niveau vum Match net besser ginn a Golchancen si weiderhin rar bliwwen. An de Schlussminutten huet d’Jeunesse nach eng kéier alles probéiert a se stoungen immens héich. An der 85. Minutt da bal den Ausgläich wéi dem Ndiaye de Ball op d’Lat geschoss huet. Schlussendlech konnt Mondorf den 2:1 awer halen a gewënnt mat 2:1.
