Zu Lëtzebuerg ukommKeng Chance fir Ronaldo a Co um Findel an zu Biissen ze gesinn

RTL Lëtzebuerg
D'Nationalekipp an hire kompletten Entourage hunnnet den ëffentlechen Ausgang benotzt a waren esou fir de Public och net ze gesinn.
© Portugal /Twitter

E Sonndeg spillt déi portugisesch Futtball-Nationalekipp am Kader vun der EM-Qualifikatioun am Stade Josy Barthel géint d’Rout Léiwen.

Mat engem Charter huet sech déi portugisesch Nationalekipp e Freideg am Nomëtteg op de Wee a Richtung Lëtzebuerg gemaach. E Freideg den Owend ass de Fliger um Findel gelant.

LuxAirport hat via Twitter e Freideg am Nomëtteg matgedeelt, datt d’Supporter net op de Findel solle kommen, well d’Nationalekipp an de kompletten Entourage net den ëffentlechen Ausgang wäerte benotzen an d’Staren dofir net ze gesi wäerte sinn.

Vun der Lëtzebuerger Futtball-Federatioun war et e Freideg den Owend dann nach d’Noriicht, datt déi portugisesch Nationalekipp hiren Ofschlosstraining e Samschdeg um Terrain zu Biissen huet. Op der Plaz si keng Spectateuren erwënscht, dofir goufen am Virfeld eng Partie Barrikaden opgebaut.

D’Lëtzebuerger Nationalekipp wäert hiren zu Beggen hunn. Béid Traininge sinn net ëffentlech.

Wéinst de schlechten Terrainskonditiounen kënne béid Ekippen net am Stade Josy Barthel trainéieren.

Back to Top
CIM LOGO