VIDEO-ReportageKeng einfach Situatioun fir de Laurent Jans zu Metz

RTL Lëtzebuerg
Zanter dem Wiessel am Summer stoung de Lëtzebuerger Nationalspiller nëmme 5 Mol an der Startformatioun a gouf zwou Kéieren agewiesselt.
Keng einfach Situatioun fir de Laurent Jans zu Metz
Zanter dem Wiessel am Summer stoung de Lëtzebuerger Nationalspiller nëmme 5 Mol an der Startformatioun a gouf zwou Kéieren agewiesselt.

D’Situatioun vum Laurent Jans beim FC Metz ass momentan esou onduerchsichteg ewéi d’Wierder an der Lorraine.

22 Mol gouf den Nationalspiller bis dato am Championnat an de Kader nominéiert. Vun deenen 22 Kéiere stoung hien allerdéngs nëmme 5 Mol an deenen éischten Eelef, a gouf nëmmen 2 Mol agewiesselt. Déi grouss Léift tëschent dem Lëtzebuerger an dem Veräin aus der Ligue 2 ass et nach net.

Den Trainer kann aus private Grënn an der Woch net zu Metz sinn a sëtzt nëmmen um Weekend fir d’Matcher op der Trainerbänk. Soumat ass et och schwiereg, den Trainingsasaz an d‘Form vun de Spiller richteg ze beuerteelen.

De Kader beim franséische Club ass och méi breed, wéi dee bei sengem ale Veräin. Mam Ivan Balliu an dem Jonathan Rivierez huet de Laurent Jans eng staark Konkurrenz op der rietser Verteideger-Positioun. Dat war am Ufank allerdéngs net esou geplangt.

De Lëtzebuerger gouf mat groussen Erwaardungen vu Beveren op Metz transferéiert. Just beim Veräin aus der Lorraine ass him den Duerchbroch nach net gelongen. Dowéinst gouf et an der Wanterpaus eng Entrevue mam Directeur sportif, Philippe Gaillot.

Et ass op alle Fall eng Situatioun, déi de 47-fachen Nationalspiller net esou kennt. Bei Waasland Beveren war hien nämlech Stammspiller. De Choix ass am Summer awer op Metz gefall, well d‘Missioun Opstig an d’Ligue 1 hie gereizt huet.

Onofhängeg dovunner mécht de Laurent Jans um Enn vun der Saison de Bilan an da gëtt gekuckt op e beim FC Metz weider d’Futtballschong undeet oder enzwousch anescht.

Back to Top
CIM LOGO