BGL LigueKeng Goler am Spëtzematch tëscht Hesper an Nidderkuer

RTL Lëtzebuerg
Déifferdeng bleift no der Victoire géint Käerjeng weider Leader an der Tabell dat mat 2 Punkten Avance op Diddeleng, déi Monnerech mat 4:2 geklappt hunn.
Keng Goler am Spëtzematch tëscht Hesper a Nidderkuer
Bei Hesper war de Stolz an de Couturier iwwerraschend nees am Kader

Am nationale Futtball Championnat war um Sonndeg d’Suite vum 18. Spilldag. Am Mettelpunkt stoung d’Spëtzepartie Hesper géint Nidderkuer. Um Samschdeg den Owend huet d’Jeunesse mat 3:0 géint de Racing gewonnen.

D’Partie Miersch géint Fola gouf ofgesot, dat wéinst dem schlechtem Zoustand vum Terrain.

De Resumé vum Spilldag vum Serge Olmo

Den Tabellendrëtte vun Hesper hat um Sonndeg Besuch vum Tabelle-Noper Nidderkuer. Viru 640 Spectateuren um Hesper Holleschbierg si béid Ekippen immens taktesch an de Match gestart an et wollt keng vu béide Formatiounen an dat oppent Messer lafen. Alles an allem hate souwuel Hesper mam Couturier wéi och de Progrès mam Mazure hier Chancen, e Gol sollt an der 1. Hallschent awer net falen. No der Paus war et de Swift dee mei aktiv a sprëtzeg war. Ënnert anerem den Holzauser konnt seng gutt Chance an der 78. Minutt awer net notzen. Kuerz viru Schluss sollt Nidderkuer nach eng geféierlech virum Hesper Gol opdauchen, dem Bastos säi Kappball war awer net kadréiert, sou dass de Match mat engem 0:0 op en Enn geet.

Eng animéiert Partie hunn d’Spectateuren zu Péiteng konnte gesinn. D’Gäscht vu Rouspert louchë séier mat 1:0 a Féierung, éier d’Lokalekipp de Match duerch Goler vu Benteke an Trento konnt dréinen. Bannent 5 Minutten huet Rouspert dunn an der zweeter Hallschent duerch 2 Goler de Match nees zu hire Gonschte konnten dréinen. Rouspert kann deemno net nëmmen 3 Punkte mat heem huele mee steet an der Tabell elo och mat 24 Punkten 1 Punkt viru Péiteng op der 6. Plaz.

An och zu Diddeleng sinn eng selleg Goler gefall. De F91 klappt Monnerech mat 4:2 a bleift domatt op 2 Punkten an der Tabell um Leader Déifferdeng drun.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler

FC Schëffleng - FC Wolz 1:1
0:1 Jasarevic (23'), 1:1 Mabanza (50')

US Munneref - Una Stroossen 1:1
0:1 Bernardelli (17')

FC Déifferdeng - UN Käerjeng 4:0
1:0 Coasta (35'), 2:0 Abreu (65'), 3:0 Schoissengeyr (81'), 4:0 Costa Monteiro (87')

F91 Diddeleng - FC Monnerech 4:2
1:0 Van Lingen (8'), 1:1 Fleury (15'), 2:1 Soares Rosa (26'), 3:1 Stumpf (32'), 4:1 Hadji (90+4'), 4:2 Delgado (90+5')

Swift Hesper - Progrès Nidderkuer 0:0

Titus Péiteng - Victoria Rouspert 2:3
0:1 El Idrissi (4'), 1:1 Benteke (22'), 2:1 Trento (46'), 2:2 Steinbach (60'), 2:3 El Idrissi (65')

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO