
De Jong vum Lëtzebuerger Nationaltrainer Luc Holtz war e ganz wichtege Bestanddeel vun der Ekipp aus dem Däich an dierft och eng Verstäerkung fir de Progrès Nidderkuer sinn.
De 27 Joer alen Holtz ënnerschreift e Kontrakt vun 3 Joer zu Nidderkuer.
Iwwerdeems verléisst mam Emmanuel Françoise awer eng vun de Stäipe vun der Ekipp de Progrès. De fréiere Spiller vum F91 an der Fola wiessel op den Hesper Holleschbierg.