
Den 42 Joer alen Däitsche sicht a sengem Heemechtsland eng nei Erausfuerderung, sou d’Sparta op Facebook. De Magdowksi verléisst de Club a béidsäitegem Averständnis an dëst mat Effet immédiat.
Bis op Weideres iwwerhëlt den aktuellen Assistant-Coach Thorsten Freiheit als Interim.
D’Sparta spillt bis ewell eng enttäuschend Saison an der Total League. No 15 Spilldeeg stinn déi Bartrenger mat 15 Punkten op der 7. Tabelleplaz a kréien et op deene leschten 3 Spilldeeg ganz schwéier, fir den Titel-Playoff nach ze erreechen.