
An der Course ëm déi 18. Plaz an der Bundesliga huet Holstein Kiel elo déi besser Kaarten an der Hand. D’Ekipp aus der 2. Bundesliga huet nämlech den Allersmatch an der Relegatioun mat 1:0 beim 1. FC Köln gewonnen.
De Simon Lorenz (59') huet nëmmen 20 Sekonnen no senger Awiesslung fir den Drëtten aus der 2. Bundesliga getraff, deen an dëser Saison scho Bayern München geklappt huet an elo ganz no um Opfstig drun ass. 2018 hat Kiel an der Relegatioun géint de VfL Wolfsburg verluer - elo muss d’Ekipp vum Trainer Ole Werner “nëmmen” nach de Retourmatch iwwerstoen, fir d’nächst Saison an d’Bundesliga ze klammen.
De Retourmatch gëtt e Samschdeg den Owend um 18 Auer gespillt.