E Sonndeg war an der Coque um Kierchbierg d’Finall bei de Luxembourg Ladies Tennis Masters.
Am éischte Saz hat d’Martina Hingis mat engem Break am zweete Jeu direkt ee gudde Start erwëscht. D’Kirsten Flipkens huet sech dovun awer net erschrecke gelooss a sech zréck an de Match gekämpft. D’Spectateure krute gudden Tennis an e spannenden éischte Saz ze gesinn, deen d’Flipkens aus der Belsch um Enn mat 6:4 decidéiere konnt.
D’Schwäizerin Hingis huet am zweete Saz dann awer Stäerkt gewisen an hir Géignerin net méi sou vill Punkte maache gelooss. Duerch e klore 6:2 sollt d’Decisioun ëm den Titel am Super Tiebreak falen. Hei hat d’Kirsten Flipkens rëm liicht d’Nues vir a wënnt duerch en 10:7 um Enn d’Luxembourg Ladies Tennis Masters.
LINK: All d’Fotogalerië vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters fannt Dir hei.