
Bei der Tour de Ski am Laanglaf huet bei den Dammen d’Anamarija Lampic dach iwwerraschend déi 2. Etapp zu Lenzerheide an der Schwäiz gewonnen. D’Slowenin huet sech am Sprint virun der Norwegerin Maiken Casperen Falla an der Leaderin Natalja Neprajewa aus Russland behaapt.
Bei den Hären huet den Norweger Johannes Klaebo gewonnen an d’Féierung am General iwwerholl. Op d’Plazen 2 an 3 sinn den Italiener Federico Pellegrino an de Fransous Richard Jouve gelaf.