EHF-CupKloer Néierlag am Retourmatch fir d'Damme vu Käerjeng

RTL Lëtzebuerg
D'Käerjenger Damme verléieren och de Retourmatch am 1. Qualifikatiounstour vum EHF-Cup mat 12:46 géint Trondheim.
© Ant Deister

Nodeems de Lëtzebuerger Handball-Champion bei den Dammen um Freideg den Allersmatch am 1. Qualifikatiounstour vum EHF-Cup mat 13:40 géint Byasen Trondheim verluer huet, stoung um Samschdeg de Retourmatch um Programm.

D’Profisekipp aus Trondheim huet de Käerjenger Damme och um Samschdeg keng Chance gelooss, a konnt sech no 60. Minutte mat 46:12 duerchsetzen. An der Paus louch d’Ekipp aus dem Grand-Duché mat 6:22 hannen.

Back to Top
CIM LOGO