Géint d'Profi-Ekipp Byasen Trondheim hat de Lëtzebuerger Champion keng Chance an huet mat 13:40 verluer.

E Freideg den Owend war de Lëtzebuerger Handball-Champion bei den Damme Käerjeng am 1. Qualifikatiounstour vum EHF-Cup gefuerdert. D'Ekipp aus dem Grand-Duché ass auswäerts als kloren Underdog an de Match géint Byasen Trondheim gaangen. Um Enn gouf et och déi erwaarten héich Néierlag. Käerjeng huet den Allersmatch mat 13:40 verluer.

Byasen Trondheim, de 6. aus dem norwegesche Championnat, ass direkt mat 100 à l'heure an de Match gaangen. D'Profi-Spillerinnen hunn dann och all technesche Feeler oder Feelworf direkt mat engem Konter bestrooft an esou loungen déi Käerjengerinne séier mat 2:10 am Réckstand. Bis d'Paus ass dëse weider gewuess an esou loung een no den éischten 30 Minutte mat 6:18 hannen.

No der Paus hunn déi Käerjengerinnen, bei deene mam Emilia Rogucka déi stäerkst Spillerin gefeelt huet, weider probéiert, esou gutt wéi méiglech dogéint ze halen, ma wat de Match méi laang gedauert huet, wat d'Middegkeet méi grouss ginn ass an domadder och de Réckstand. Um Enn huet ee sech am Allersmatch misse mat 13:40 geschloe ginn.

Fir Käerjeng huet d'Andreea Marin 6 Mol getraff.

De Retourmatch gëtt e Samschdeg de Mëtten um 16 Auer op därselwechter Plaz gespillt.