Tennis: Seat League - 5. SpilldagKloer Victoire fir d'Spora an d'Schéiss

RTL Lëtzebuerg
De Weekend war de 5. Spilldag vun der Seat League am Tennis, de Seniors Interclub fir Dammen an Hären an der Nationale I.
© FLT / Facebook

Nom 5. Spilldag si bei den Dammen mat der Spora mat 13 Punkte an der Schéiss mat 11 Punkten 2 Ekippen aus der Stad Lëtzebuerg an der Favorittestellung, fir sech eng Plaz an der Final ze sécheren. Ënnen an der Tabell gëtt et fir Diddeleng ëmmer méi schwéier, dat rettend Ufer nach ze erreechen. Et bleiwen den Dammen 2 Spilldeeg Zäit, weider Punkten ze sammelen.

Hei d’Resultater:

Péiteng -Gréiwemaacher: 7:1

Spora - Houwald: 7:1

Bouneweg - Stengefort: 3:5

Schéiss - Diddeleng: 7:1

Klickt hei, fir op d’Iwwersiichtssäit mat de Resultater vun den Dammen ze kommen.

Resultater Hären:

An och bei den Hären deit alles op en Duell vun den 2 Veräiner aus der Haaptstad hin. Mat 18 Punkte läit d’Spora hei ganz souverän virun der schéiss mat 12 Punkten. Hannendru si mat Esch an dem Houwald (jeeweils 9 Punkten) nach 2 Ekippen a Schlodistanz.

Hei d’Resultater:

Jonglënster - Esch : 1:11

Cap on Line - Spora: 1:11

Schéiss - Schëffleng : 11:1

Houwlad - Péiteng: 4:8

Klickt hei, fir op d’Iwwersiichtssäit mat de Resultater vun den Hären ze kommen.
https://www.rtl.lu/sport/tennis/results/hommes-n1
All d’Detailer zu de Rencontere fannt Dir um Internetsite vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun.

Back to Top
CIM LOGO