
An der Véierelsfinall vun der Coupe bei den Häre konnten déi Escher sech kloer mat 32:15 géint Schëffleng duerchsetzen a stinn domat als leschten Halleffinalist fest. Virdrun hate sech jo schonn d’Red Boys, Bierchem a Käerjeng qualifizéiert.
Bei den Damme konnt de Chev Dikrech am Playoff eng kloer Victoire géint den HB Esch feieren. De Chev gewënnt de Match nämlech mat 34:20.