
Dobäi hunn déi Norddäitsch dem BVB schonn an der éischter Hallschent eng uerdentlech Lektioun ginn, wouduerch et no 45 Minutten 3:0 fir Kiel stoung. Nom Säitewiessel huet sech dem Nuri Sahin seng Ekipp gerappt kritt a konnt duerch Goler vum Giovanni Reyna an Jamie Gittens op 3:2 verkierzen. Vun enger Iwwerzuel vun der 86. Minutt un, nodeems de frësch agewiesselte Lewis Holtby wéinst engem schroe Foul um Felix Nmecha no nëmmen 10 Minutten déi rout Kaart krut, konnten d’Dortmunder net profitéieren. An der 8. Minutt vun der Nospillzäit war et de Fiete Arp, deen de 4:2 schéissen an domadder den Deckel fir d’Kieler zoumaache konnt. D’Ekipp aus dem Norde kann am Ofstigskampf domadder e bëssi Loft huelen, befënnt sech trotzdeem nach op der zweetleschter Plaz. De BVB rutscht an d’Mëttelfeld op Plaz 9 of.
Zu Wolfsburg ass Mönchengladbach mat 1:5 ënner d’Rieder komm. Nodeems een no der éischter Hallschent mat 0:1 hanne louch, ass d’Ekipp vum Gerardo Seoane vun der 75. Minutt u komplett auserneegefall, wouduerch et kuerz viru Schluss 5:0 fir Wolfsburg stoung. De Shio Fukuda konnt an der 89. Minutt op 1:5 fir d’"Fohlen” verkierzen. Och Frankfurt konnt sech mat 4:1 kloer géint Freiburg behaapten a Leverkusen konnt mat engem schéine Fräistoussgol vum Alejandro Grimaldo an der 48. Minutt mat 1:0 Mainz klappen a verkierzt domat de Réckstand op den Tabellenéischte Bayern München op 1 Punkt. Den däitsche Rekordmeeschter empfänkt e Mëttwochowend an der Allianz Arena d’TSG Hoffenheim.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga