
Hei huet sech mam Ryoyu Kobayashi ee vun de Favoritten d’Goldmedail geséchert. Um Enn konnt de Japaner sech duerch Spréng vun 99,5 Meter an 104,5 Meter virum Éisträicher Manuel Fettner an dem Pol Dawid Kubacki duerchsetzen. Wärend de Kobayashi op 275 Punkte komm ass, gouf et fir de Fettner 270,80 Punkten an de Kubacki huet et mat 265,90 nach knapps op déi 3. Plaz gepackt. Fir Japan ass et déi éischt Goldmedail am Schisprangen zanter 1998.