Bundesliga: RelegatiounKöln bleift no klorer Victoire zu Kiel an der 1. Bundesliga

RTL Lëtzebuerg
No enger geckeger Ufanksphas konnt sech den 1.FC Köln am Retourmatch mat 5:1 géint Kiel duerchsetzen a spillt domat weider an der 1. Bundesliga.

E Samschdeg den Owend war an Däitschland de Retourmatch vun der Relegatioun tëscht Kiel a Köln. Op Grond vun der knapper 1:0-Victoire vun de Kieler am Allersmatch, war d’Ekipp aus der Doumstad op friemem Terrain gefuerdert.

No enger geckeger Ufanksphas stoung et am Holstein-Stadion no 13 Minutte schonn 3:1 fir de Gaascht vu Köln, dee virun der Paus souguer nach op 4:1 erhéije konnt. Am zweeten Duerchgang krut Kiel da keng Äntwert méi op de grousse Réckstand gewisen a sou ass d’Partie no engem weidere Géigegol mat enger 1:5-Defaite fir d’Hauhsären op en Enn gaangen. Domat spillt Köln an der neier Saison weiderhin an der 1. Bundesliga, wärend Holstein Kiel zweetklasseg bleift.

Back to Top
CIM LOGO