BundesligaKöln ouni Chance géint Leipzig

RTL Lëtzebuerg
An der däitscher Bundesliga war e Freideg den Owend den Optakt vum 26. Spilldag.
© AFP

Leipzig huet an der Course ëm d’Champions League virgeluecht an déi drëtt Victoire noenee gefeiert. Beim 5:1 (1:1) géint den 1. FC Köln huet den Openda mat senge Goler no der Paus den Ënnerscheed gemaach a Leipzig an der provisorescher Tabell op déi véiert Plaz geschoss. Domadder läit Leipzig op d’mannst bis e Sonndeg nees zwee Punkte viru Borussia Dortmund.

De Xavi Simons (15.), de Lois Openda (63., 67.), den Amadou Haidara (70.) an de Yussuf Poulsen (82.) hu fir déi Leipziger getraff, déi schonn den Allersmatch mat 6:0 däitlech gewonnen haten. De Sargis Adamyan (18.) hat an der éischter Hallschent kuerzzäiteg op 1:1 ausgeglach, um Enn war d’Néierlag vum FC awer däitlech. Déi Kölner kéinten elo op déi 17. Plaz rutschen, wann den direkten Ofstigskonkurrent Mainz e Samschdeg géint Bochum gewënnt.

All d’Resultater an d’Statistike vun der Bundesliga a weideren internationale Ligae fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO