BundesligaKöln séchert sech ganz wichteg Punkten zu Augsburg

RTL Lëtzebuerg
An der Lutte géint den Ofstig huet sech den 1. FC Köln e Freideg den Owend mat 3:2 zu Augsburg duerchgesat.
© AFP

An der däitscher Bundesliga huet Köln e Freideg den Owend beim Optakt vum 31. Spilldag auswäerts géint Augsburg mat 3:2 gewonnen. Mat 29 Punkte steet Köln elo op der Relegatiounsplaz an huet e Virsprong vun dräi Punkten op d’Hertha, déi awer zwee Matcher manner huet.

D’Rettungsmissioun vum Trainer Friedhelm Funkel beim 1. FC Köln huet an engem verréckte Futtballmatch beim FC Augsburg weider Schwong kritt. Dräi Deeg no der 2:1-Victoire géint Leipzig huet ee sech beim 3:2 zu Augsburg weider ganz wichteg Punkte geséchert. An der Paus louchen d’Gäscht scho mat 3:0 a Féierung, dat no Goler vum Duda (8' an 33') an dem Kainz (23'). An den zweete 45 Minutten huet den FC awer missen zidderen. No Goler vu Gumny (54') a Vargas (62') stoung et op eemol nämlech just nach 3:2 fir den FC. An der 72. Minutt hat Augsburg eng weider ganz geféierlech Chance, ma de Skhiri huet op der Linn gekläert. Köln huet um Enn d’Féierung iwwert d’Zäit bruecht an hëlt déi dräi Punkte mat heem.

Klickt hei, fir op déi ganz Statistike vun der Bundesliga ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO