Futtball: Virschau op déi nei Saison (15)Konkurrenz hannert F91 schléift net, sou de Paul Philipp

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg geet d'Championnat an der ieweschter Divisioun nees un. No ville Changementer ass de Champion F91 wuel nach ëmmer staark, ma aner Ekippe laueren.
© RTL Télé

Déi ganz Woch iwwer hu mir Iech déi eenzel Ekippe virgestallt an eng Virschau op déi nei Saison gemaach. Den Ofschloss mécht wéi all Saison de Jeff Kettenmeyer am Gespréich mat dem FLF-President Paul Philipp. Zesumme hu si op déi viregt Saison zeréckgekuckt, riichten de Bléck awer elo no vir. An hei gesäit de Paul Philipp den F91 nach ëmmer mat engem qualitativ staarkem Kader, an der neier Saison kéint et trotzdeem fir d’Ekipp aus der Forge du Sud méi enk ginn.

Futtball Virschau: Paul Philipp / Reportage Jeff Kettenmeyer

An der viregter Spillronn ass Nidderkuer hannert den Erwaardungen zeréckbliwwen. Mat enger Rei Lëtzebuerger Spiller an engem neien Trainer soll et dës Saison awer besser klappen, fir uewe bäi matzespillen. Fir de Paul Philipp ass et kloer, datt fir de Progrès iergendwann de Championstitel soll an och muss eraussprangen.

D’Etzella huet d’lescht Saison als Opsteiger eng exzellent Ronn gespillt a mat dem Erreeche vun der Coupe-Finall souguer fir ee richtegen Héichpunkt gesuergt. Den FLF-President traut der Ekipp aus dem Däich dës Saison zou, déi positiv Iwwerraschung ze ginn.

Ënnenof musse virun allem déi zwee Opsteiger Millebaach a Rodange d’Zil hunn, fir dran ze bleiwen. Ma och Hueschtert a Rouspert gesäit de Paul Philipp als potenziell Ofstigskandidaten.

Back to Top
CIM LOGO