An de fréie Moiesstonne war d’Lëtzebuergerin Gwyneth ten Raa am Riseslalom bei den Dammen am Asaz. Allerdéngs huet den Optrëtt vun der jonker 16 Joer aler Lëtzebuergerin zu Yanking bei Peking nëmmen e puer Sekonne gedauert. Schonn am éischte Deel vun der Pist ass d’Gwyneth ten Raa ausgefall a konnt sech domadder och net fir déi zweet Manche qualifizéieren.
De Moien um 10 fir 4 eiser Zäit war d’Gwyneth ten Raa déi éischte Kéier bei enger Olympiad am Asaz, mee duerch e Feeler direkt am Ufank vum Parcours sollt dësen Optrëtt nëmmen e puer Sekonnen daueren: “Ech hunn alles ginn, mee et ass schif gaangen. Ech wollt awer och mat engem gudde Gefill fueren. Net op Sécherheet, fir um Enn da ganz hannen ze stoen... Et ass schonn eng Enttäuschung, mee ech hunn elo nach de Slalom. Dowéinst bleiwen ech positiv a mengem Kapp.”
Vun deenen 82 Schi Fuererinnen, déi ageschriwwe waren, hunn et der am 1. Laf nëmme 60 iwwert d’Arrivée gepackt. Nieft dem Gwyneth ten Raa huet et och d’Favoritin op d’Goldmedail Mikaela Shiffrin aus den USA op enger veräiste Piste erwëscht. E schwaachen Trouscht fir d’COSL Athletin: “Et war scho vill Äis op der Pist an ech hat wierklech Pech.”
D’Gwyneth ten Raa, dat sech elo op de Slalom, deen e Mëttwoch gefuer gëtt, ka konzentréieren, huet Erfarungspunkte gesammelt a flott Andréck matgeholl, zemools wann e säin Idol Mikaela Shiffrin beim Depart begéint: “Also do war eng Athleten Lounge an ech war ee vun deenen éischten do a wéi se all erakomm sinn, war et wierklech impressionant fir mech. Si maachen och verschidden Übungen fir sech waarm ze maachen, dat konnt ech mir ukucken a jiddereen huet säin eegene Programm. D’Mikaela Shiffrin stoung op emol nieft mir. Ech hu mech misse beherrschen. Et ass zwar mäin Idol, mee och nëmmen e Mënsch.”
Um Enn gouf et am Riseslalom bei den Dammen eng Victoire fir d’Schweedin Sara Hector. Sëlwer krut d’Federica Brignone aus Italien an op déi drëtt Plaz koum d’Lara Gut-Behrami aus der Schwäiz.
E Méindeg de Moien ass och d’Hären-Descente gefuer ginn. Gold ass do fir de Schwäizer Beat Feuz, Sëlwer fir de Fransous Johan Clarey a Bronze fir den Éisträicher Mathias Mayer.
Resultater vum Riseslalom bei den Dammen