BadmintonLandesmeeschter bei Männer a Frae konnten hir Titele verdeedegen

RTL Lëtzebuerg
Op der Badminton-Landesmeeschterschaft 2022 zu Jonglënster hu sech am Eenzel d'Champione vum leschte Joer nees duerchgesat.
© Feluba

Bei den Dammen huet d’Schëfflenger Spillerin Myriam Havé d’Kim Schmidt an d’Schranke verwisen (21-14, 21-9), bei den Hären huet de Jérôme Pauquet vu Kielen an enger Neioplo vun der Final 2021 den Yves Hoffmann mat 21-18, 21-14 geklappt.

D’Landesmeeschterschaft bei der Jugend gëtt den nächste Weekend zu Kielen ausgedroen.

© Feluba

Back to Top
CIM LOGO