Internationale FuttballLast-Minute-Victoire fir Atalanta géint den AC Mailand

RTL Lëtzebuerg
Aston Villa klappt Arsenal London mat 1:0. A Spuenien spillt Real Madrid 1:1 géint Betis Sevilla.
© AFP

An England ka sech am fréie Samschdegowend Aston Villa géint Arsenal London mat 1:0 behaapten. Domat ass Liverpool no der Victoire géint Crystal Palace elo neien Tabelleleader an der Premier League, virun Arsenal an Aston Villa, déi elo nëmmen nach 1 Punkt Hannert de Gunners stinn. An der däitscher Bundesliga huet Eintracht Frankfurt Bayern München iwwerrannt an Dortmund huet géint Leipzig verluer. An och e puer Lëtzebuerger Futtballer waren am Ausland aktiv. Den Iwwerbléck fannt dir hei.

Premier League

Crystal Palace - FC Liverpool 1:2
1:0 Mateta (57'), 1:1 Salah (76'), 1:2 Elliott (90+1')

Liverpool hat wuel déi éischt Chance am Match, dono ass vun de Reds an der Offensiv awer net méi vill komm. Crystal Palace stoung defensiv immens kompakt an huet aggressiv verdeedegt. An der 27. Minutt hätt een dann och nach bal a Féierung kéinte goen, de Potto sollt awer am Wee stoen. An der Paus stoung et deemno 0:0. An der 57. Minutt ass d’Lokalekipp du per Eelefmeter a Féierung gaangen. Liverpool war bis dohi weider net wierklech am Match. Dat sollt sech vun der 75. Minutt un awer änneren. No der Giel-Rouder-Kaart fir den Ayew war d’Ekipp vum Jürgen Klopp op eemol nees am Match. Kuerz dorop sollt de Salah säin 200. Gol fir Liverpool markéieren. D’Entscheedung ass an der Nospillzäit gefall, den agewiesselten Elliott huet de Gol zum 2:1 fir d’Gäscht markéiert.

Manchester United - AFC Bournemouth 0:3
0:1 Solanke (5'), 0:2 Billing (69'), 0:3 Senesi (74')

Manchester United spillt weiderhin eng Achterban-Saison a kasséiert am Old Trafford déi 7. Néierlag am 16. Match. Ënnert der Woch huet een nach mat 2:1 géint Chelsea konnte wannen. No engem Feeler an der Defense konnt de Solanke d’Gäscht schonn an der 5. Minutt a Féierung schéissen. De Maguire hatt kuerz dono den Ausgläich um Fouss, den Neto am Gol vu Bournemouth sollt de Ball awer paréieren. Bis d’Paus sollt vu ManUnited näischt méi Geféierleches kommen. Nom Säitewiessel war wuel eng Reaktioun ze gesinn, éier de Billing an de Senesi bannent 5 Minutte fir d’Entscheedung gesuergt hunn. Bournemouth klappt Manchester United mat 3:0.

Aston Villa - FC Arsenal 1:0
1:0 McGinn (7')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Hellas Verona - Lazio Roum 1:1
0:1 Zaccagni (23'), 1:1 Henry (70')

Atalanta Bergamo - AC Mailand 3:2
1:0 Lookman (38'), 1:1 Giroud (45+3'), 2:1 Lookman (55'), 2:2 Jovic (80'), 3:2 Muriel (90+5')

Atalanta Bergamo gewënnt eng turbulent Partie mat 3:2 géint den AC Mailand. De Lookman huet d’Lokalekipp jeeweils zwee Mol a Féierung geschoss, Giroud a Jovic konnte fir den AC awer jeeweils nees ausgläichen. An der Schlussphas ass et du richteg turbulent ginn. Jovic a Beenacer kruten eng Giel Kaart. An de Calabria ass an der drëtter Minutt vun der Nospillzäit mat Giel-Rout vum Terrain gesat ginn. Quasi mam Schlusspëff vum Arbitter huet dunn nach de Muriel den entscheedenden 3:2 fir Atalanta geschoss. Bergamo gewënnt deemno mat 3:2 géint den AC Mailand.

Inter Mailand - Udinese Calcio 4:0
1:0 Calhanoglu (37'), 2:0 Dimarco (42'), 3:0 Thuram (44'), 4:0 Martinez (84')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Stade Rennes - AS Monaco 1:2
0:1 Vanderson (51'), 0:2 Fofana (85'), 1:2 Bourigeaud (90')

PSG - FC Nantes 2:1
1:0 Barcola (41'), 1:1 Mostafa Mohamed (55'), 2:1 Kolo Muani (83')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Betis Sevilla - Real Madrid 1:1
0:1 Bellingham (53'), 1:1 Ruibal (66')

Real Madrid léisst 2 Punkten zu Sevilla leien a spillt just 1:1 géint Betis. Béid Ekippen hu sech an der 1. Hallschent net vill entgéint gesat, sou dass et mat 0:0 an d’Kabinne gaangen ass. Nom Säitewiessel huet de Bellingham déi Kinneklech an der 53. Minutt a Féierung geschoss. Eng 10 Minutte méi spéit gouf een dunn awer kal erweecht. Den Aitor Rubial huet de Ball aus ronn 20 Meter mat vollem Risiko an de Gol gehummert, 1:1 no 66. Minutten. An der Nospillzäit ass dem Ex-Real Spiller Isco säi Kappball just un de Potto gaangen. Deemno e glécklechen 1:1 fir Real.

FC Villareal - Real Sociedad 0:3
0:1 Merino (38'), 0:2 Zubimendi (41'), 0:3 Kubo (45+1')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO