
Wéi den Nationaltrainer Dan Santos matgedeelt huet, falen d’Laura Miller an d’Claudia Veloso blesséiert fir déi béid Matcher géint d’Tierkei aus.
Fir d’Laura Miller, déi no hirem Ermiddungsbroch am Schinnebeen sou lues awer sécher nees fit gëtt, kéime béid Matcher nach ze fréi. D’Claudia Veloso huet eng Rëppe-Blessur a muss dowéinst forfait erklären. Och d’Marisa Soares vun Déifferdeng fält aus.
D’Liane Freymann vum SC Ell an d’Anna Miny vun der TUS Issel goufe bis elo nonominéiert.
Ee klengt Fragezeiche steet awer och nach hannert dem Andreia Faria vum SC Ell an dem Charlotte Schmit vum SC Freiburg. Déi nächst Deeg wäerte weisen, ob béid Spillerinne kënne spillen.